D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir.
Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.
- 02. Juli 1900: Mat dem Start vum LZ 1 vum Grof vun Zeppelin ass um Ufer vum Bodensee den éischte Fluch vun engem Starrloftschëff.
- 19. Juli 1900: De Paräisser Metro gëtt ageweit.
- 19. Oktober 1900: De Max Planck gëtt virun der Däitscher Physikalescher Gesellschaft zu Berlin säi Stralungsgesetz bekannt.
- 12. November 1901: Den Asteroid (479) Caprera gëtt vum Luigi Carnera entdeckt.
- 14. November 1901: De Wiener Medezinner Karl Landsteiner gëtt d'Entdeckung vun dräi Blutgruppen A, B an 0 bekannt.
- 20. Abrëll 1902: Dem Marie a Pierre Curie geléngt d'Isoléierung vum Radium.
- 17. Mee 1902: De Mechanismus vun Antikythera, antikt Artefakt aus Zännrieder, gëtt entdeckt. Datéiert gëtt dat aalt Stéck op d'Joer 82 v. Chr.
- 22. Mee 1902: D'Bridder Wright patentéieren hire Fliger.
- 28. Juni 1903: De "Verein Deutscher Ingenieure" grënnt op senger Generalversammlung zu München den Däitsche Musée fir Naturwëssenschaften a Technik.
- 30. Abrëll 1904: De Christian Hülsmeyer kritt e Patent op säin Telemobiloskop, engem Virleefer vum Radar.
- 30. Juni 1905: Dem Albert Einstein seng Aarbecht Zur Elektrodynamik bewegter Körper geet bei der Redaktioun Annalen der Physik eran. Si begrënnt d'Speziell Relativitéitstheorie.
- 26. September 1905: Den Albert Einstein verëffentlecht seng speziell Relativitätstheorie an den Annalen der Physik.
- 27. September 1905: Den Aufsatz Ist die Trägheit eines Körpers von seinem Energieinhalt abhängig? vum Albert Einstein gëtt publizéiert. An him steet d'Formel E = mc² (Äquivalenz vu Mass an Energie).
- 05. Oktober 1905: Dem Wilbur Wright geléngt mat der Wright Flyer III e Fluch iwwer 38,6 km an 39,5 Minutten, de bis dohi längste Fluch mat engem Motorflieger.
- 31. Juli 1906: An der Nuecht vum 1. August ginn an dem nei a Betrib gesaten Observatoire vun Ondřejov (haut an Tschechien), déi éischt wëssenschaftlech Observatiounen duerchgefouert.
- 12. September 1906: Dem Dän Jacob Christian Hansen Ellehammer geléngt mat sengem Fluchpparat Ellehammer No. 1 e Fluch vun 42 Meter.
- 06. Abrëll 1909: De Robert Edwin Peary erreecht no eegenen Aussoe mam Matthew Henson a véier Inuit als éischt Mënschen den Nordpol. D'Richtegkeet vu sengen Aussoe gëtt vu villen Experte bezweiwelt.
- 25. Juli 1909: De Fransous Louis Blériot iwwerflitt als éischte Mënsch mat engem Fliger den Äermelkanal mat sengem Eendecker Blériot XI.
- 28. Mäerz 1910: Den Henri Fabre flitt als éischten en Waasserfliger.
- 19. Mee 1910: De Koméit Halley passéiert d'Äerd.
- 24. Juli 1911: An de peruaneschen Anden entdeckt eng Expeditioun ënner der Leedung vum Hiram Bingham d'Ruinestad Machu Picchu aus der Inkazäit.
- 17. Abrëll 1912: Eng "Rankfërmeg Sonnendäischtert" iwwerzitt an der Mëttesstonn Mëtteleuropa.
- 04. Juli 1913: De Cheemiker Fritz Klatte kritt d'Patent fir seng Erfindung, den haut masseméisseg wichtegste Konschtstoff vun der Welt, de PVC.
- 03. Mäerz 1915: An den USA gëtt d'NACA, Virleefer-Organisatioun vun der NASA, gegrënnt.
- 19. Mäerz 1915: De Pluto gëtt fir d'éischt fotograféiert, awer net als Planéit erkannt.
- 20. Mäerz 1916: Den Albert Einstein verëffentlecht seng Allgemeng Relativitéitstheorie.
- 03. Abrëll 1916: De Meteorit vun Treysa schléit an Nordhessen an.
- 1919 – Grënnung vun der Internationaler Astronomescher Union, ofgekierzt IAU. Si ass eng weltwäit Vereenegung vun den Astronome mat Sëtz zu Paräis. Hir d'Zil ass d'Fërderung vun der Astronomie duerch international Zesummenaarbecht.
- 15. Juni 1919: Den John Alcock an den Arthur Whitten Brown maachen den éischten Nonstop-Transatlantik-Fluch
- 06. Juli 1919: Dat brittescht Loftschëff R-34 lant zu New York a mécht domat den éischten transatlantesche Fluch fir Loftschëffer.
- 02. November 1920: Zu Philadelphia (Pennsylvania) start den éischte reegelméissege Radiosprogramm vun der Welt. De kommerzielle Sender KDKA presentéiert Noriichten, Musek an Ënnerhalung.
- 14. September 1922: Fuerscher vum US Naval Aircraft Radio Laboratory (Anacostia/USA) entdecken d'Reflexioun vum Funksignal u Gebaier aus Eisebëtong. Dës Erkenntnes ass grondleeënd fir déi spéider Radartechnik-entwécklung.
- 04. September 1923: Jungfernfahrt vum éischten US-amerikanesche Starrloftschëff an dat éischt mat Drogas Helium gefëllte Loftschëff, d'USS Shenandoah.
- 05. Juni 1924: Den Ernst Alexanderson schéckt den éischte Fax iwwer den Atlantik.
- 12. Oktober 1924: Den Hugo Eckener start mat sengem Zeppelin LZ 126 fir den éischten Atlantikiwwerfluch.
- 21. Juli 1925: Am Scopes-Prozess zu Dayton (Tennessee) gëtt de Schoulmeeschter John T. Scopes zu $100 verurteelt, well hien d'Evolutiounstheorie vum Darwin geléiert huet.
- 14. Mäerz 1926: Éischte Start vun enger Flëssegkeetsrakéit vum Robert Goddard an den USA.
- 08. Juli 1928: D'Loftschëff LZ 127 gëtt op den Numm Graf Zeppelin gedeeft.
- 05. September 1928: De brittesche Bakteriolog Alexander Fleming entdeckt, datt de Schimmelpilz Penicillin notatum de Wuesstem vu Bakteerien hemmt.
- 04. September 1929: D'Weltfaart vum däitsche Loftschëff LZ 127 Graf Zeppelin hält no 35 Deeg op mat der Landung zu Friedrichshafen.
- 01. August 1930: Éischt Televisioune sinn op der 7. grousser däitscher Funkausstellung am Virféierungsstadium.
- 18. August 1932: Den Auguste Piccard an de Max Cosyns fuere mat engem Stratosphäreballon an eng Weltrekordhéicht vu 16.940 Metern.
- 28. Februar 1935: Am Laboratoire vum Wallace Hume Carothers gëtt den Nylon erfonnt.
- 22. Mäerz 1935: Vum Funktuerm Berlin gëtt deen éischte reguläre Televisiounsprogramm vun der Welt ausgestraalt.
- 26. Juni 1936: Zu Bremen start den éischten Helikopter vun der Welt, den FW 61.
- 28. Oktober 1937: De Karl Wilhelm Reinmuth entdeckt en Planetoid, spéider Hermes genannt.
- 06. Juli 1938: De Seth Barnes Nicholson entdeckt de Jupitermound Lysithea (Jupiter X).
- 18. Juli 1938: Wéinst engem „Navigatiounsfeeler“ lant de Fluchpionéier Douglas Corrigan op engem Fluch vun New York a Kalifornien dogéint awer an Irland. Hie kritt fir säin Atlantikfluch de Spëtznumm „Wrong Way“.
- 26. Abrëll 1939: Mam Fliger, Messerschmitt Me 209, stellt de Fritz Wendel een neie Geschwindigkeets-Weltrekord (755,138 km/h) op.
- 20. Abrëll 1940: Dat éischt Elektronemikroskop gëtt zu Philadelphia virgefouert.
- 12. Februar 1941: Zu London gëtt deen éischte Patient mat Penicillin behandelt.
- 23. Februar 1941: Dat radioaktiivt Element Plutonium gëtt vum Physiker Glenn T. Seaborg fir d'éischt hiergestallt.
- 18. Juli 1942: Den éischten asazfäegen Düsenjäger vun der Welt, d'Me 262 (Messerschmitt), mécht hiren éischte Fluch.
- 03. Oktober 1942: Mat dem éischten erfollegräiche Start vun der A4-/V2-Rakéit zu Peenemünde mat enger Gipfelhéicht vu 84,5 Kilometer an enger Reechwäit vun 190 Kilometer gëllt dës Rakéit als den éischte vu Mënschenhand gebaute Fluchkierper, dee bis an de Weltraum koum.
- 09. November 1944: Den Otto Hahn kritt den Nobelpräis fir Chimie.
- 01. Mäerz 1945: De Lothar Siebert Pilot vum éischte vertikal ofgeschossene bemannte Rakéitefliger, eng Bachem Natter, kënnt beim Start ëm d'Liewen.
- 16. Juli 1945: Trinity-Test: Déi éischt Atombomm gëtt an New Mexico (USA) gezünnt.
- 14. Februar 1946: An der Universitéit vu Pennsylvania gëtt ENIAC, deen éischten elektroneschen Digitalrechner, dem Publik virgestallt.
- 14. Oktober 1947: De Chuck Yeager duerchbrécht als éischte Mënsch erwisenermoossen d'Schallmauer mat enger Bell X-1 an ongeféier 15.000 m Héicht.
- 20. September 1951: E Fliger, eng Boeing B-47 flitt fir d'éischt Kéier iwwer den Nordpol.
- 03. Oktober 1952: Déi éischt Atombom vu Groussbritannien (Vereenegt brittesch Kinneksräich) gëtt gezünd.
- 01. November 1952: US-amerikanesch Kärphysiker zünden um Eniwetok-Atoll am Pazifik déi éischt Waasserstoffbomm.
- 27. Juni 1954: Zu Obninsk bei Moskau gëtt dat éischt Kärkraaftwierk vun der Welt erfollegräich a Betrib geholl.
- 03. August 1954: Éischte Fluch an England vun engem mat Düsen ugedriwwene Senkrechtstarter (den éischte Fliger deen ënner de Begrëff VTOL fält). Et war de Rolls-Royce Thrust Measuring Rig a gouf vum Captain R.T. Shepherd, Chefpilot déizäit bei Rolls Royce, geflunn. Well e sou komesch op senge véier Been ausgesinn huet, krut en de Spëtznumm Flying Bedstead.
- 10. Juni 1955: De Grondstee fir den europäesche Kärfuerschungslaboratoire CERN gëtt geluecht.
- 01. August 1955: Den ORF straalt an Éisträich seng éischt Fernseeiwwerdroung aus.
- 13. September 1956: IBM stellt déi éischt Festplack vir. D'Capacitéit ass sechs Megabyte (IBM 350).
- 17. September 1956: Dat éischt Radioteleskop vun Däitschland um Stockert bei Bad Münstereifel gëtt ageweit.
- 29. Juli 1957: D'International Atomenergie-Organisatioun (IAEO) gëtt gegrënnt.
- 21. August 1957: Déi weltwäit éischt Interkontinentalrakéit, d'sowjetesch R-7, mécht hiren éischten erfollegräichen Testfluch.
- 04. Oktober 1957: Sputnik-Programm: D'Sowjetunioun bréngt mat dem Sputnik 1 deen éischte kënschtleche Satellit an d'Äerdëmlafbunn.
- 03. November 1957: De Sputnik 2 (UdSSR) bréngt mat dem Hond Laika dat éischt Liewewiesen an eng Äerdëmlafbunn.
- 14. Abrëll 1958: De Sputnik II vergloust an der Atmosphär vun der Äerd.
- 29. Juli 1958: Den US-President Dwight D. Eisenhower ënnerzeechent den National Aeronautics and Space Act, déi d'Schafung vun der NASA virgesäit.
- 03. August 1958: D'Atom-U-Boot USS Nautilus erreecht als éischt Waassergefier de geographeschen Nordpol.
- 01. Oktober 1958: D'NASA (National Aeronautics and Space Administration) gëtt gegrënnt als Reaktioun op déi fréi Erfolleger vun der Sowjetunioun an der Raumfaart aus der Virgängerorganisatioun NACA (National Advisory Committee for Aeronautics).
- 26. Oktober 1958: D'Fluchgesellschaft PanAm hëlt de Linnebetrib mat Düsefligeren iwwer den Atlantik op.
- 08. Oktober 1958: Zu Stockholm gëtt engem Mënsch den éischten Häerzschrëttmacher ageplanzt.
- 11. Oktober 1958: D'NASA start mat Pioneer 1, déi éischt onbemannt Moundsond, déi allerdéngs d'Äerdunzéiungskraaft net iwwerwanne kann.
- 13. September 1959: Déi sowjetesch Raumsond Luna 2 schléit als éischte kënschtleche Fluchkierper um Mound op.
- 04. Oktober 1959: Déi sowjetesch Moundsond Luna 3 ëmkreest den Äerdmound a funkt fir d'éischt Biller vun der Äerdmoundrécksäit.
- 21. Oktober 1959: Nodeem der US-President Dwight D. Eisenhower am Joer 1958 d'Grënnung vun der NASA bewirkt hat, goufen déi däitsch Rakéitepionéier ëm de Wernher von Braun vun der United States Army an d'NASA iwwerfouert.
- 12. August 1960: Mat dem Ballonsatellit Echo 1 gëtt een éischte passiven Kommunikatiounssatellit an eng Äerdëmlafbunn bruecht.
- 19. August 1960: De Sputnik 5 start mat den zwéin Hënn Belka a Strelka souwéi e Koup Mais a Planzen u Bord an eng Ëmlafbunn a lant deen Dag duerno nees sécher op der Äerd.
- 12. Abrëll 1961: De sowjetesche Kosmonaut Juri Gagarin flitt u Bord vun der Wostok 1 als éischte Mënsch an de Weltraum. Domat fänkt d'bemannt Raumfaart un.
- 21. Juli 1961: Mat der Mercury-Redstone 4 gëtt de Virgil Grissom als zweeten US-Amerikaner op e suborbitale Fluch an de Weltraum geschéckt.
- 21. August 1961: Eng Douglas DC-8 duerchbrécht als éischte Verkéiersfliger beim "Sénkfluch" d'Schallmauer.
- 04. Oktober 1961: Den éischten aktiven Kommunikatiounssatellit vun den USA, Courier 1B start an de Weltraum.
- 1962: Fir d'éischt Kéier erreecht mat der Ranger 4 eng Raumsond de Mound. Leider konnt d'Sond keng Biller iwwermëttelen. Nëmme plangméisseg op der Mounduewerfläch futti fueren hat geklappt.
- 10. Juli 1962:Den Telstar, éischten amerikanesche Kommunikatiounssatellit, gëtt an den All geschoss.
- 22. Juli 1962: D'Raumsond Mariner 1 start a Richtung Venus, muss awer no e puer Sekonne wéinst enger Fluchbunnabweechung gesprengt ginn.
- 12. August 1962: De Kosmonaut Pawel Popowitsch startet u Bord vun der Wostok 4 an de Weltraum. Genee 24 Stonnen no Wostok 3 mat dem Andrijan Nikolajew. Domat sinn eng éischt Kéier zwéi bemannnte Raumgefierer gläichzäiteg an enger Äerdëmlafbunn.
- 16. Juni 1963: Vum Kosmodrom am kasachesche Baikonur start d'Walentina Wladimirowna Tereschkowa, genannt Walja mat dem Raumschëff Wostok 6 als éischt Fra an de Weltraum.
- 19. Juni 1964: Tëscht Japan an den USA gëtt den éischten Telefonskabel a Betrib geholl.
- 31. Juli 1964: De Satellit Ranger 7 lant wéi geplangt haart op de Mound an zerschléit, kann awer virdrun déi éischt 4.000 Fotoe vum Mound op d'Äerd schécken.
- 19. August 1964: Vun der NASA gëtt d'Syncom 3 als éischte geostationäre Satellit vu Cape Canaveral mat enger Delta-Trägerrakéit gestart. No bei der Internationalen Datumsgrenz stationéiert kann hien d'Olympesch Summerspiller 1964 vun Tokyo an d'USA iwwerdroen an domat déi éischt Televisiounsiwwerdroung iwwer de Pazifik erméiglechen.
- 12. Oktober 1964: Déi sowjetisch Raumkapsel Woschod 1 start mat de Kosmonaute Wladimir Komarow, Boris Jegorow an Konstantin Feoktistow u Bord. Et ass deen éischte Raumfluch mat méi Persounen.
- 18. Mäerz 1965: De Kosmonaut Alexei Archipowitsch Leonow verléisst als éischte Mënsch eng Raumkapsel am Weltraum.
- 23. Mäerz 1965: D'Gemini 3, éischt bemannt US-Missioun verleeft erfollegräich.
- 15. Juli 1965: D'amerikanesch Raumsond Mariner 4 flitt laanscht de Mars a liwwert déi éischt no Fotoe vun engem frieme Planéit.
- 16. Juli 1965: Éischte Start vun enger Proton-Rakéit.
- 26. November 1965: Frankräich start vun Hammaguir an Algerie mat enger Rakéit vum Typ „Diamant A“ de Satellit Asterix. Dëst ass den éischte Satellitestart ouni Bedeelegung vun den USA oder der fréierer UdSSR.
- 21. August 1965: Beim zweete Versuch gléckt de Start vu Gemini 5. Mat 190 Stonnen am Weltraum stellen de Gordon Cooper an de Charles Conrad en neie Laangzäitrekord op.
- 18. September 1965: Déi japanesch Amateurastronomen Ikeya a Seki entdecken de Koméit dee spéider hiren Numm kritt, nämlech Ikeya-Seki. De Koméit gëtt sou hell, datt en daagsiwwer nieft der Sonn gesi ka ginn. Hie gëllt als deen opfällegste Koméit vum zweete Joerdausend no Christus.
- 03. Abrëll 1966: Mat der Raumsond Luna 10 schwenkt fir d'éischt e Satellit an eng Ëmlafbunn ëm de Mound.
- 02. Juni 1966: Mat der éischter onbemannter Moundlandung etabléiert sech d'UdSSR fir kuerz Zäit als féierend Weltraumnatioun.
- 18. Juli 1966: D'Gemini 10-Missioun start mat zwee Astronauten u Bord.
- 12. September 1966: Gemini 11 mam Charles Conrad a Richard Gordon u Bord start vun Cape Kennedy aus an de Weltraum. Dräi Deeg méi spéit lande se nees op der Äerd.
- 20. September 1966: Déi 995,2 kg schwéier Raumsond Surveyor 2 start Richtung Mound. No engem Feeler bei enger Bunnkorrektion gëtt d'Sond dräi Deeg duerno zerstéiert.
- 23. Abrëll 1967: Start vun der sowjetescher Raumkapsel Sojus (Raumkapsel) Sojus 1
- Bei der Landung 24. Abrëll 1967 geet de Fallschierm net richteg op, an d'Kosmonaute Wladimir Komarow kommen ëm d'Liewen.
- 18. Oktober 1967: Déi sowjetesch Sond Venera 4 kritt en éischte Bléck ënner d'Wolleke vum Planéit Venus.
- 09. November 1967: Beim éischte Start vun enger Saturn V Rakéit gëtt ënner anerem d'Hëtzschutzschëld vun Apollo 4 getest.
- 11. Oktober 1968: Mat Apollo 7 ass deen éischte bemannte Fluch vun engem Apollo-Raumschëff. U Bord sinn d'Astronaute Walter Schirra, Donn Eisele an Walter Cunningham.
- 22. Oktober 1968: No 163 Äerdëmkreesunge lant d'Apollo 7 mat den Astronaute Walter Schirra, Donn Eisele an Walter Cunningham u Bord sécher am Atlantik.
- 07. Abrëll 1969: D'RFC 1 mat dem Titel Host Software gëtt verëffentlecht. Dest kann als d'Gebuertstonn vum Internet bezeechent ginn.
- 16. Juli 1969: Start vun Apollo 11 zur éischter bemannter Moundlandung.
- 20. Juli 1969: Den amerikaneschen Astronaut Neil Armstrong betrëtt als éischte Mënsch de Mound (21. Juli 1969 um 02:56:20 Auer UT), kuerz drop kënnt den Edwin Aldrin no.
- 24. Juli 1969: D'Apollo 11 lant am Pazifeschen Ozean.
- 29. Juli 1969: D'Raumsond Mariner 6 (USA) fotograféiert de Mars beim Laanschtfléien a sent Biller a wéinege Minutten op d'Äerd.
- 02. August 1969: D'Raumsonde Mariner 7 maache Fotoe beim Laanschtfléie vum Mars.
- 19. November 1969: De Charles Conrad, Kommandant vun Apollo 12, betrëtt als drëtte Mënsch den Äerdmound.
- 13. Abrëll 1970: E Sauerstofftank vum Raumschëff Apollo 13 explodéiert um Wee zum Mound. D'Mission gëtt ofbebrach, déi dräi Astronaute kommen onverletzt op d'Äerd zeréck.
- 24. Abrëll 1970: China schéckt säin éischte kënschtleche Satellit Dong Fang Hong I an de Weltraum.
- 17. August 1970: D'Venus-Missioun vun der sowjetescher Raumsond Venera 7 gëtt gestart. De 15. Dezember lant si als éischt Sond erfollegräich op der Venus (Planéit).
- 17. November 1970: Mat dem Aussetze vun Lunochod 1 am Mare Imbrium fänkt den éischten Asaz vun engem Moundgefier un.
- 31. Juni 1971: U Bord enger Sojus-Kapsel geet en Drockventil op. Dräi Kosmonaute kommen ëm d'Liewen.
- 26. Juli 1971: Vum Kennedy Space Center start d'Apollo 15 mat den Astronauten David Scott, James Irwin a Alfred Worden zum Mound.
- 30. Juli 1971: Den David Scott an den James Irwin lande mat der Moundlandefär vun der Apollo 15 als véiert NASA-Missioun um Mound, op deem si dräi Deeg verbréngen. Bei dëser Missioun kënnt fir d'éischt d'Lunar Roving Vehicle zum Asaz.
- 28. Oktober 1971: Zu Woomera start Groussbritannien erfollegräich dee bis haut eenzege Satellit mat enger brittescher Drorakéit, den Testsatellit Prospero.
- 13. November 1971: D'US-amerikanesch Raumsond Mariner 9 erreecht de Planéit Mars a schwenkt als éischt Sond an eng Ëmlafbunn vun engem aneren Planéit an.
- 27. November 1971: Déi sowjetesch Raumsond Mars 2 erreecht als éischten ierdesche Raumkierper de Mars
- 01. Abrëll 1972: Intel stellt säin éischten 8-Bit-Prozesser, den 8008 vir.
- 16. Abrëll 1972: Start vun der Apollo 16 Missioun.
- 20. Abrëll 1972: D'Apollo 16 lant um Mound.
- 01. August 1972: Dat mat 100 m Duerchmiesser (bis 2000 dat gréisst fräi beweeglecht Radioteleskop vun der Welt), gëtt bei Effelsberg a Betrib geholl.
- 21. August 1972: Start vum Ultraviolett- a Röntgen-Teleskop Orbiting Astronomical Observatory 3 och Copernicus Observatory genannt.
- 05. Abrëll 1973: D'NASA start mat der Pioneer 11 hir zweet Jupiter-Sond.
- 06. Abrëll 1973: D'Raumsond Pioneer 11 start mat enger Atlas-Centaur-Rakéit zur Erfuerschung vun de Planéiten Jupiter a Saturn.
- 27. September 1973: D'Sowjetunioun start dat bemannt Raumschëff Sojus 12.
- 26. Oktober 1973: Déi onbemannt Raumsond „Explorer 50“ gëtt vun den USA gestart.
- 03. November 1973: D'NASA start de Satellit Mariner 10 a Richtung Merkur, fir deen den 29. Mäerz 1974 z'erreechen.
- 11. September 1974: Den Charles Kowal entdeckt de Jupitermound Leda (Jupiter XIII).
- 16. November 1974: D'Arecibo-Botschaft gëtt an de Weltraum gesent.
- 30. Mee 1975: Grënnung vun der europäescher Weltraumorganisatioun mat Sëtz zu Paräis (Frankräich).
- 14. Juni 1975: D'Sond Venera Missioun vun der Sowjetunioun Venera 10 start an erreecht de 25. Oktober 1975 d'Venus. De Lander schafft 63 Minutte laang op der Planéitenuewerfläch
- 15. Juli 1975: Déi éischt Zesummenaarbecht an der Raumfaart tëscht USA an der Sowjetunioun gëtt gestart.
- 17. Juli 1975: Am Zesummenhang vum Apollo-Sojus-Projet kënnt et zum éischte symboleschen Docking vun der US-amerikanescher Apollo 18 an der sowjetescher Sojus 19
- 20. August 1975: D'Raumsond Viking 1 vun der NASA start op de Wee zum Mars.
- 20. Juli 1976: De Lander vun der Raumsond Viking 1 erreecht d'Uewerfläch vum Mars.
- 07. August 1976: D'Raumsond Viking 2 schwenkt an d'Ëmlafbunn vum Mars an.
- 18. August 1976: Déi sowjetesch Raumsond Luna 24 land um Mound a kënnt den 22. August nees zeréck.
- 03. September 1976: D'Raumsonde Viking 2 land erfollegräich am Flaachland Utopia Planitia um Mars.
- 20. August 1977: D'amerikanesch Raumsond Voyager 2 start op de Wee zum Planéit Jupiter, Saturn, Uranus an den Neptun.
- 05. September 1977: Start vun der amerikanescher Raumsond Voyager 1, déi de 5. Mäerz 1979 de Jupiter an den 12. November 1980 den Saturn passéiert.
- 23. November 1977: Mat dem Meteosat-1 gëtt den éischte vun enger Serie vu geostationäre Wiedersatellite vun der ESA gestart. Dëst ass en europäesche Bäitrag zum Opbau vum globale Wiedersatellite-System.
- 22. Juni 1978: den Astronom James W. Christy entdeckt den Zwergplanéit Charon, de gréisste Mound vum Pluto.
- 11. Juli 1979: D'Raumstatioun Skylab vergloust an der Äerdatmosphär.
- 01. September 1979: Pioneer 11 flitt als éischt Raumsond beim Saturn laanscht an entdeckt dobäi en neie Saturnmound.
- 15. Juli 1980: D'Alfred-Wegener-Institut fir Polar- a Mieresfuerschung (AWI) zu Bremerhaven gëtt gegrënnt.
- 13. Juli 1980: D'Europäesch Weltraumorganisatioun ESA genehmegt zu Paräis de Projet Giotto: Eng mat der Ariane-Rakéit gestarte Raumsond soll d'Fluchbunn vum Koméit Halley kräizen, deen am Joer 1986 eis Sonnesystem duerchflitt.
- 18. Juli 1980: Indien start als sechst Land eng Rakéit a bréngt e Satellit an de Raum.
- 07. August 1980: No iwwer véier Joer an der Ëmlafbunn vum Mars räisst de Kontakt zur Mammesond Viking 1 of.
- 07. August 1980: Den éischte Solarenergie-Fliger Grossamer Penguin mécht säin éischte Fluch.
- 12. November 1980: D'amerikanesch Raumsond Voyager 1 flitt laanscht de Saturn a liwwert vill Fotoe vum Saturn, senge Réng a Mounden.
- 12. Abrëll 1981: Éischte Start vun engem Space Shuttle, d'Raumfär Columbia.
- 14. Abrëll 1981: Mat der erfollegräicher Landung vun der Raumfär Columbia, dem éischte Space Shuttle, héiert déi éischt Space-Shuttle-Missioun vun der NASA op.
- 26. September 1983: Kuerz virum Start vun enger sowjetesche Sojus-Raket brécht Feier aus. D'Kosmonaute kënne sech retten, nodeem si sech mat der Kapsel ofsprengen.
- 20. Oktober 1983: De Meter gëtt nei definéiert als Streck, déi d'Liicht am Vakuum an 1/299.792.458 Sekonnen zeréckleet.
- 10. November 1983: De Student Fred Cohen presentéiert op der University of Southern California de weltwäit éischten Computervirus op engem Unix-System.
- 28. November 1983: Als éischte (West-)Däitsche start den Ulf Merbold mat der US-Raumfär „Columbia“ an de Weltraum. Mat u Bord ass den europäesche Weltraumlaboratoire Spacelab
- 25. Juli 1984: Wäehrend der Missioun Sojus T-12 ënnerhëlt d'Swetlana Jewgenjewna Sawizkaja als éischt Fra e Weltraumspazéiergang.
- 02. August 1984: An der Universitéit Karlsruhe gëtt Däitschlands éischt E-Mail empfaangen.
- 2. Juli 1985: Fir d'Erfuerschung vum Koméit Halley gëtt d'europäesch Raumsond Giotto, benannt nom Giotto di Bondone, vun der Weltraumgare vu Kourou gestart.
- 11. September 1985: D'Raumsond ISEE-3/ICE passéiert de Koméit 21P/Giacobini-Zinner. Et ass den éischte Koméit dee vun engem Satellit erfuerscht gëtt.
- 20. November 1985: Microsoft verëffentlecht déi éischt Versioun vum Betribssystem Windows.
- 11. September 1988: Den Asteroid Polydoros aus der Grupp vun den Jupiter-Trojaner gëtt vum Carolyn Jean Spellmann Shoemaker entdeckt.
- 19. September 1988: Israel start mat der Shavit-Rakéit de Satellit Ofeq 1.
- 14. Juni 1989: 12 Joer nom leschte Start vun der Titan-Rakéit hieft eng nei Versioun vun der Titan Rakéit of. Si ka ronn 18 t an en niddregen Orbit a bis zu 4,5 t an eng geostationär Ëmlafbunn bréngen
- 18. Oktober 1989: Déi amerikanesch Raumsond Galileo start op hire Wee zum Jupiter.
- 24. Abrëll 1990: D'Hubble-Weltraumteleskop gëtt vun der Space Shuttle Discovery an den Orbit bruecht.
- 10. August 1990: D'Raumsond Magellan trëtt an eng Ëmlafbunn ëm d'Venus an, fir d'Uewerfläch vum Planéit ze kartéieren.
- 02. Oktober 1991: Den Éisträicher Franz Viehböck start zesumme mat de Kosmonauten Alexander Wolkow an Toktar Aubakirow op d'russesch Raumstatioun Mir. De Viehböck ass domat den éischten Éisträicher am All.
- 30. Abrëll 1993: DeWWW, dat haitegt multimediale Internet, (op HTML-Grondlag) gëtt fir allgemeng Benotzung weltwäit fräi ginn.
- 21. Abrëll 1994: Den éischten extrasolare Planéitesystem gëtt vum polneschen Astronom Alexander Wolszczan entdeckt.
- 23. Abrëll 1994: Physiker am Fermilab (USA) entdecken den Top-Quark.
- 22. Juli 1994: Déi lescht Deeler vum Koméit Shoemaker-Levy 9 schloen op de Jupiter op.
- 15. September 1994: De Schwäizer Astronom Didier Queloz entdeckt den éischte Planéit baussent eisem Sonnesystem.
- 12. Oktober 1994: Déi US-amerikanesch Raumsond Magellan vergloust an der Venusatmosphär.
- 29. Juni 1995 – Beim Shuttle-Mir-Programm dockt de Spaceshuttle Atlantis fir d'éischt un déi russesch Raumstatioun Mir un.
- 05. Juli 1996: D'Schof Dolly, dat éischt gekloont Déier gëtt a Schottland gebuer.
- 04. Juli 1997: D'NASA-Sond Pathfinder lant um Mars.
- 09. Juli 1997: D'amerikanesch Raumsond Voyager 2 flitt laanscht de Jupiter a liwwert vill Fotoe vum Jupiter a senge Mounden.
- 18. September 1997: No bal 60 Joer flitt nees een Zeppelin-Loftschëff iwwer de Bodensee.
- 27. September 1997: De Kontakt mat der amerikanescher Mars-Sond Mars Pathfinder brécht of.
- 1998: Vu Cape Canaveral gëtt d'Raumsond Deep Space 1 als éischte Satellit mat engem Ionenundriff an de Weltraum geschoss.
- 04. Juli 1998: Déi éischt japanesch Raumsond Nozomi gëtt a Richtung Mars geschéckt.
- 04. Juli 1999: Zwéin Hobbyarcheologe fannen d'Himmelsscheif vun Nebra, déi weltwäit eelst konkreet Himmelsduerstellung.
- 31. Juli 1999: D'US-Raumsond Lunar Prospector, där hir Missioun den Nowäis vu Waasser um Mound soll ginn, schléit – wéi virgesinn – um Mound op, nodeem si ronn 1 1/2 Joer Daten iwwer de Mound geliwwert hat. Beim Opschlag geléngt et awer net, Äis fräizesetzen.
- 11. August 1999: Total Sonnendäischtert iwwer Lëtzebuerg bei zimmlech schlechte Beobachtungsbedingungen.